Science Weekend

Eist Zil ass et, de Jonken, ganz am Sënn vun der Pins asbl, spilleresch, kreativ a virun allem interaktiv, Freed un den Naturwëssenschaften an der Technik vermëttelen. Deem wëlle mir mat eisem Science Weekend 2018 Raum schafen, an deem mir e kompakten an ofwiesslungsräiche Programm wärend dem ganze Weekend ubidden.


Geplangt si Aktivitéiten, déi e wëssenschaftlechen antechneschen Usproch hunn. Als ausgläich sinn awer och Aktivitéite geplangt, déi e pädagogeschen Zweck erfëllen an zur gudder Stëmmung an dem Wuelbefannen vun de Participanten bäidroen. De ganze Weekend gëtt encadréiert vun enger motivéierter Equipe. De Weekend soll ënner anerem als klenge Virgeschmaach op de Science Summer Splash ginn, a riicht sech dofir bewosst un e bëssen méi e jonkt Publikum, domadder mer fréi genuch Interessi schafe kënnen. Dofir ass et eis och wichteg de Jonken e flotten, interdisziplinären Weekend ze bidden an setzen dobäi natierlech op e qualitativ héichwäertegen, dem Alter ugepasste Programm.