ScienceSummerSplash 2020

Annulation 2020

  • Léif Participanten,
    Schwéieren Häerzens hunn mir dës Woch d‘Entscheedung geholl, eisen Science Summer Splash am August ofzesoen. Déi aktuell Gesondheetskriis an déi domat verbonnen Restriktiounen erlaben eis einfach net den Camp esou duerchzeféieren, wéi mir dat ëmmer gemaach hunn. Jiddereen deen eis kënnt, wees wéi aktiv an dynamesch eis Campe sinn. Duerch déi aktuell Restriktiounen ass den Camp awer leider net an enger akzeptabeler Qualitéit ofzehalen. Wat eis dann zur schwéierer Entscheedung bruecht huet d‘Editioun 2020 ofzesoen.
    Mir verspriechen iech awer, dass mir den Camp, an der selwechter Form wéi en dëst Joer organiséiert gouf, nächst Joer nohuelen. All Mënsch den dëst Joer ugemellt ass, gëtt och prioritär nächst Joer ugeholl.
    An den nächsten Deeg rembourséieren mir iech är Ubezuelung nees zu 100%.
    Wann nach iergendwellech Froen sinn, dann zéckt net eis um camp@pins.lu ze kontaktéieren.
    Mat beschten Gréiss,
    PInS asbl
 

Verification