Mad Science goes Wild


Léif Jonker, Léif Elteren,

2020 war fir keen en einfacht Joer. Pandemie huet Schoulen, Geschäfter a Restaurante zougemaach an eist Liewen schéin duercherneen gehäit. Och mir als PINS hunn dëst staark gespuert. Wou mir soss dach a Schoulen oder Maison Relais’e konnte goen an eis Atelieren halen, hu mir dat lëscht Joer leider net méi konnte maachen. Dobäi koum dann, dass mir, fir d’éischte Kéier an iwwer 10 Joer Organisatioun vun Camp‘e, eise Science Summer Splash hu missten ofsoen. Äre Support an äert Versteesdemech hunn eis all gutt gedoen. Mir notzen dofir dës Chance gären fir iech all e groussen Merci dofir ze soen. Mir waren 2020 awer net inaktiv an hunn eis e ganzen Koup nei Iddien an Ateliere afalen gelooss. En puer dovun wäert dier bestëmmt an den nächsten Wochen an Méint op eise Soziale Medien entdecken kënnen.

Mee loosst eis all no fir kucken an dat Joer 2021 bescht méiglech notzen. Esou hu mir och dëst Joer wëlles e Camp ze organiséieren. Well d’Joer 2021 nach een sou ongewësst Joer ass, musse mir eis ursprénglech Pläng awer liicht upassen. Mir hunn aus dem Joer 2020 geléiert, an hunn en puer Konzepter ausgeschafft mat denen mir de Camp organiséieren kéinten. Mir kënnen d’Konzept vum Camp un déi jeeweileg Situatioun upassen, esou dass dir a mir beschtméiglech geschützt sidd.

De Camp heescht dëst Joer Mad Science goes Wild a steet am Kontext vun Natur, Biodiversitéit a geckegen Wëssenschaften. Den Camp wäert vum 27ten bis den 29ten August sinn an mir kënnen 16 Participante mathuelen. Dat Ganzt kascht 250 Euro. Och mussen mir den Camp ob enger aaner Plaatz, wei am Ufank geplangt, organiseieren.

Esou wollte mir scho lëscht Joer mat iech all an d’Ausland goen, dëst kënne mir awer och dëst Joer net maachen. Dat Thema ass awer net vum Dësch! Eis ganz Equipe steet fest hannert dëser Idee. D’Situatioun erlaabt et just leider nach ëmmer net, well Reesen an d’Ausland schwéier ze plangen sinn. Doduerch hunn mir decidéiert den Camp 2021 zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Mir ginn dofir op Lëlz an d’Jugendherberge. Mir kennen d’Ekipp do gutt an hu vill verschidden Méiglechkeeten fir Iech all e flotte Camp ze gestalten.

Wann dir iech elo mat eis op den Mad Science goes Wild freet, dann zéckt net laang an mellt iech direkt op eisem Site un. Dir kritt wéi ëmmer an den kommende Méint eng Bestätegung fir är Umeldung an dann och all Informatiounen zum Bezuelen geschéckt. Wann den Camp duerch Pandemie awer ofgesot gi muss, kritt dir natierlech schnellstméiglech ären Acompte zeréck.

Wann dir nach Froen hutt, dann mellt iech roueg. Mir beäntweren iech dës gären esou schnell mir kënnen.

Klick hei fir Umeldung!

Mat de beschten Gréiß

PinS asbl